27/05/2026
🇳🇴 Éischt Impressiounen vun der PäischtCroisière 2026 🛳️
Zënter dem 23. Mee entdecke Lëtzebuerger Reesgäscht déi schéinsten Ecker vu Nordeuropa 😍
No flotte Momenter zu Kopenhagen, impressionnante Landschaften zu Geiranger an Ålesund an enger relaxer Atmosphär u Bord vun der MSC Euribia ass d’Stëmmung einfach top. 🇱🇺❤️
Tëscht imposante Fjorden, gemittleche Momenter u Bord, guddem Iessen an onvergiesslechen Andréck kënnt richteg Vakanzenstëmmung op. 🌈🌊
An dat Bescht? Et stinn nach e puer flott Etappen um Programm.✨
ULT