Classic Workshop Luxembourg

Classic Workshop Luxembourg Réparation et restauration de voitures classiques Diir fand deen neien Atelier zu Deifferdeng an der Z.A. De Markus ass selwer och Mécanicien. Den 17.

Léif Frënn vun den Oldtimeren,
En eisem schéinen Hobby gët et seit dem Summer 2017 e puer Neiegkeeten déi bestëmmt vill vun Iech all interesséi’eren:
Den 1. Juli 2017 huet en neien Garage fir Reparturen, Restaurei’eren an Entretien vun Oldtimeren opgemaat, an zwar den « Classic Workshop Luxembourg S.àr.l. » (CWL) gegrënnt vun der Famill Zimmer. Gadderscheier; am einfachsten ass et iwert rue Pierr

e Gansen L-4570 Deifferdeng, en face vun der Hausnummer 189 eranzefueren. Den Atelier befënd sech dann um site vun den Entreprisen vum Groupe Jacques Streff. (e klenge Plang ass beigelued)
De Classic Workshop Luxembourg huet chance gehaat zwee fantastesch Mécanicien’en aus der Oldtimerbranch ze engagei’eren: den Manfred Faust an den Thomas Grün (Willy genannt). Si ginn ennerstëtzt vun dem Markus Vaartjes waat Logistik, Ersatzstecker sichen a bestellen, asw betrefft. Zousätzlech huet den Atelier nach en jonken Mechatroniker an e Leierjong agestallt. Dei zweet Nouvelle ass dass de Classic Workshop Luxembourg seit dem September 2017 de ganzen Stock vun Ersatzstecker fir englesch Klassiker vun dem, leider vill ze fréi, verstuerwenen Kolleg, Mécanicien a Sammler Jhang Godart iwerholl huet. Diir fand also eng Onmass Stecker an dem Magaseng vun dem Classic Workshop Luxembourg déi deelweis schon laang net mei ze krei’en sinn, an déi am Jhang Godart sengem aalen Stock erem fond gi sinn. Waat net do ass, kenne mir Iech schnellstens besuergen dank deenen gudden a langjähregen Relatiounen dei d’Leit aus der Equipe mat deenen groussen Händler an villen Länner hun. Mais net nemmen Stecker sichen an besuergen, och d’Beroodung an eventual Uweisung fir dei Leit, dei selwer wellen schrauwen fand Diir bei eis, an esou kritt dem Jhang Godart sein frei’eren “Jhang’s MG Shop” no e puer Joer eng ei’erbar Fortsetzung. Mir wellen hei awer net vergiessen fir Jhang senger Fra, dem Marcelle Godart Merci ze soën fir sein Vertrauen. Dei drëtt Neiegkeet ass dass den Classic Workshop Luxembourg frou a stolz ass iech d’Partnerschaft mat dem international renommei’erten Betrieb Mechatronik vun Pleidelsheim bei Ludwigsburg ze annoncei’eren. Mir vertrieden Mechatronik zu Lëtzebuerg an an der Groussrégioun waat Entretien, Maintenance an deelweis Reparatioun vun Autoen betrefft hun awer och dei grouss chance op den enormen Know How an der Restauratioun vun Klassiker, haaptsächlech Mercedes Gefirer zreckzegreifen dei Mechatronik huet. Och fir eventual speziell Kollektiounsautoen ze sichen oder unzebidden sidd Dir do bei eis un der richteger Adress. Weiderhin ass Mechatronik bekannt gin fir hir absolut spëtzentechnesch Embauten vun Oldtimer Mercedes Autoen mat moderner Technik, dee berühmten M-SL, M-Cabrio an M-Coupé. All Détailer an Informatiounen zu desen eemolegen Autoen fand Dir bei eis. Mir fréen eis op d’Zukunft an Gewessheet eppes Flottes opgeriicht ze hun fir der letzebuerger Oldtimerzeen weider ze hëllefen. Ganz besonnesch fréen mir eis Iech bei Probleemer oder Froën em ären Auto weiderzehellefen. September 2017 sin mir de ganzen Dag op, porte ouverte, bei der Geleenheet vum “Nationalen Oldtimerdaag 2017” an hoffen vill vun Iech kennen ze begrei’ssen bei engem gemittlech Patt an engem Maufel z’iessen. Kommt laanscht mat Famill Fre¨nn a Bekannten, mir hun e puer extra Saachen ausgestallt, och ganz speziell 2 Autoen vun der Mechatronik sin do, eng original restaurei’ert 280 SL Pagode an dee selwechten Auto mat dem Embau op den M-SL. Bis dohinner, vill Spaass, an léiw Gréiss,

Classic Workshop Luxembourg S.àr.l

17/08/2025
28/07/2025

😎 Tout est dit…

Adresse

Z. A. Gadderscheier B. P . 10
Sanem
4984

Heures d'ouverture

Lundi 07:00 - 18:00
Mardi 07:00 - 18:00
Mercredi 07:00 - 18:00
Jeudi 07:00 - 18:00
Vendredi 07:00 - 18:00

Site Web

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Classic Workshop Luxembourg publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L'entreprise

Envoyer un message à Classic Workshop Luxembourg:

Partager