04/04/2026
Zesumme mat eisem madagasseschen Team vun eiser Duechtergesellschaft Tsiky Kely („klengt Laachen“) hate mir e flotte Offschloss vun eiser Missioun.
Mat vill Engagement, Wëssen a Kompetenz suerge si dofir, datt eise Projet lues a lues Realitéit gëtt. 💪
Hinnen e ganz grousse Merci fir hiren Asaz an fir alles, wat si all Dag op der Plaz leeschten. 🙏🙏🙏
Ofschloss mam Team…, mir hu gudd geschafft:
1. d‘Besoine mat der Schouldirektesch geklärt
2. Rendez-vous mam Jugendrichter fir d‘Garde vun de Kanner ze beschwätzen
3. Rendez-vous um Populatiouns Ministère fir den Agrément vun eisen Häiser ze klären
4. Virstellungsgespréicher mat de Mamme fir eis Häiser
5. Rendez-vous um Bureau des Domaines fir d‘Iwwerschreiwe vum Terrain
6. Rendez-vous mam Bauhär fir lescht Detailer iwwert de Bau ze beschwätzen
7. Rendez-vous an der Pepinière fir d‘Beschaafe vun de Planze fir de Foodforrest ze klären
8. Conventioun fir eng Zesummenarbecht mam Buergermeeschter besprach.
Et geet mat grousse Schëtt virun💪🏻