18/11/2025
De Déménagements Faber huet eis nominéiert fir e Bam ze planzen! Merci dofir!
Et voilà! Obwuel mir schonn e ganze (mini) Besch um Wandhaff geplanz hunn, konnten mir der Challenge net widerstoen! Also hu mir nach en zousätzleche Firmenbam geplanz.
Mir ginn d’Challenge dann weider un:
- American Chamber of Commerce in Luxembourg (AMCHAM)
- moskito – Dir hutt dach e schéine Gaart. 😉
- FC UNA Strassen – Beim neie Stadion ass dach bestëmmt eng schéin Plaz.
72 Stonnen Zäit fir e Bam ze planzen, soss komme mir e Patt huelen! Opgepasst, mir sinn der vill! 😁